Événement

Kanner o Kanner, o quel bonheur (25. a 26. Januar 2020)

Quand :
25 janvier 2020
 :
CAPE
Place Marie-Adélaïde
L-9063 Ettelbruck
Téléphone :
661 955 044
Email :
Site Web :

Ce texte est uniquement disponible en luxembourgeois

Kanner, o Kanner o quel bonheur – e Liddernomëtteg fir Mënsche mat an ouni Demenz.

No enger erfollegräicher Premiere am Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“ zu Ierpeldeng am Oktober 2019, mécht de Projet „Kanner o Kanner, o quel bonheur“ Statioun zu Ettelbréck am CAPE (Centre des Arts Pluriels Ed. Juncker). Gesonge ginn d’Liiblingslidder vun de BewunnerInne vum Wunn- a Fleegeheem „Beim Goldknapp“. Um Programm sti Lëtzebuerger Klassiker, ënnert anerem vum Poutty Stein, dem Dicks an dem Lentz, awer och e puer international Evergreens fir mat ze sangen an ze danzen.

Nieft dem Georges Urwald, dem Mady Weber an dem Ensembel gFLOTT ginn nach „speziell Gäscht“ erwaart, fir zesummen en onvergiesslechen Nomëtten ze erliewen.

De 25. a 26. Januar 2020 um 15:00 Auer am CAPE zu Ettelbréck (Place Marie-Adélaïde, 9063)

Präis: 12 Euro
Reduzéiert (Studenten a Kanner): 5 Euro
Dauer: 60-70 Minutten
Reservatiounen: info@milasbl.lu / T: 661 955 044
www.milasbl.lu
Den Accès an de CAPE ass rollstullgerecht. Sot w.e.g. am Virfeld Bescheed wéivill Rollstill dobäi sinn.